Ech fannen di Schlechtwierderfotoen ëmmer rëm schéin, daat get een flotten Reflet op der Stross an eng besonnesch Atmosphär. Ass ëmmer nees eng Erausfuerderung fir Mënsch a Material, soulang Bréissel d'Plastikstuten nach net ganz verbueden huet muss een profitéieren.
Merci villmols Nico fir den link, daat ass menges, fannen ech super waat deen mécht, bei eisen Wiederkonditiounen kéint een sech mol bessi méi doranner aschaffen, et ass een Versuch wäert
Dan denkt di nächste kéier dru wann de erëm dohinner fiers, hu mir elo mol sou Händsche kaaft, däi se un doe wann se an de Frigoe schaffen, bis elo hëlleft et, mol kucke wann et nach mäi kal gëtt.
den Tour war gebucht, och am Reen kann een interessant Biller maachen! Da muss een derbei sinn, mat der richteger Ausrüstung.
Mir raschten jo guer a glaad nët!!!!!!