Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Trapenhaiser

 
All Fotoen an dëser Serie:
25970 Thumbnail
25971 Thumbnail
25972 Thumbnail
Trapenhaiser
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    13.03.2012
  • Gekuckt:
    16312
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    27
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nuetsopnaamen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=62530]
Kommentar vum Fotograf:
Hei nach e puer läscht Biller vun mengen Owesexcusiounen op de Kierchbierg.
gtaddei1 13.03.2012 - 19:35
ganz flott serie
jorsch 14.03.2012 - 18:20
Merci gtaddei1
Zora 13.03.2012 - 20:22
Gefällt mer besser wei deng eenzel Foto, zemols dei zweet, flott
jorsch 14.03.2012 - 18:21
Merci Zora, hätt net geduecht datt esou en emotiounslose Sujet dach den Uklang fanne géif.
Zora 14.03.2012 - 18:36
Sin heinsdo dei banalsten Sujeen dei dei greissten Wirkung brengensmile
galileo 13.03.2012 - 20:52
Immens flott Serie - déi zemol als Serie och gudd wierkt, wëll an all Foto eppes d'Symetrie stéiert, waat's du ganz flott plazéiert hues...

Vläicht déi an der Mëtt gespiggelt, dann wier et dräi mol ënne lénks, wou de Bléck géif hänkebléiwen ?
jorsch 14.03.2012 - 18:23
Merci galileo, jo di kleng Ënnerscheeder si spannend.
Allerdings muss ee wuel e geometresche Geescht hunn, fir dat gär ze hunn. smile
Gibbes 13.03.2012 - 21:43
Gefällt mer extreem gudd, well do gluckst bestemmt deem engen oder anneren Trappenfetichist (positiv gemengt) hei sein Herz smile
jorsch 14.03.2012 - 18:23
Villmools Merci Gibbes!
Jean-Jos 13.03.2012 - 23:34
Exzellent dat doten!
Den Tour huet sech op alle Fall gelount. Nummer 3 ass mäi Favorit wéinst dem 'intrus'.
jorsch 14.03.2012 - 18:24
Merci Jean-Jos.
T'ass echt, wéi jiddereen en anere Favorit huet.
Ech hunn 1 am léifsten.
Jeanny 14.03.2012 - 06:25
ganz flott Serie
jorsch 14.03.2012 - 18:24
Merci Jeanny!
gemu 14.03.2012 - 06:35
Drillingstiirm vum Kierchbierg, immens déi Série,gud gesin an ëmgesaat
jorsch 14.03.2012 - 18:25
Merci fir däi Kommentar!
gogo 14.03.2012 - 19:33
Eng gelonge Serie, gefaellt mer. Et koennt een sech wei e spanner fier bigsmile

hues du nach am photoshop eppes gemeet, fier dass se sou schein parallel sin?
jorsch 15.03.2012 - 20:24
Merci gogo!

1) Mat dem Filter "Objektivkorrektur" d'geometresch Verzerrung korrigéieren. Duerno sollten d'Droiten all riicht sinn, soss muss de nach manuell nofueren. Hänkt vum Objektiv of.
2) Mat "transformieren-verzerren" d'Bild ausriichten. Eventuell hëlleft och d'Ablende vun engem Linne-Raster am Bild.

Vill Spaass!
Schluck 14.03.2012 - 20:42
Gefällt mir och richteg gudd deng Serie
jorsch 15.03.2012 - 20:24
Merci Schluck!
JADE 14.03.2012 - 21:28
den Kierchbierg ass architektonesch passionant, fannen ech
an Owes, matt den oft ganz spezifesch ausgewieltenen, Beliichtungen, nach méi

gutt Anblécker hues du hei angefangen
een gutt Aan hues du smile

coincidence:
hun haut den Architekt vum alleréischten Kierchbierger Héichhaus "Bâtiment Tour" kennengeléiert ... een extrem interessanten Personage matt ganz vill Personalitéit an, wéi soll ët aaneschtes sin, matt extrem vill Passioun (fir säin fréieren Beruff ea) smile

ween sain Numm kennt, kritt eng Zockerboun bigsmile
jorsch 15.03.2012 - 20:27
Villmools Merci fir däi laange Kommentar!

Mech freet et, wann d'Biller der gefalen.
Jo, di kleng "Fehler" am Bild maachen d'Saach spannend!

D'Zockerboun ass leider net fir mech! unhappy
JADE 15.03.2012 - 21:58
Fehler? ech gesin keng Fehler, ech gesin ganz gutt angesaatenen Cadragen

bon, dann ass d'Boun fir mech selwer ... smile ...
Miisamm 14.03.2012 - 22:02
Mega, och mat deenen mini ongereimtheeten wei dei aanerfuerweg dier an sou. Flawless Victory :-P
JADE 14.03.2012 - 22:17
ha! ... genau déi Ongereimtheeten machen den Ennerscheed an den Plus aus smile
iwerall een aaneren color touch

(bon, an och d'Luuchten- an Schiedspill, awer matt deem colour touch ass ët den must)
jorsch 15.03.2012 - 20:29
Mega-Merci!smile
mischii 16.03.2012 - 23:21
superbe!!!!!!!!!!
waat soll ech lo méi soen
jorsch 17.03.2012 - 15:23
Merci mischii, dat feet mech!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 417 Gäscht online