Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Brickell Avenue 1

 
Brickell Avenue 1
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    13.10.2011
  • Gekuckt:
    12221
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    38
  • Beliichtungszäit:
    3/1 sec
  • Blend:
    f/4
  • Brennwäit:
    28 mm
  • ISO:
    160
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1180x650
  • Späicherplaz:
    618 KB
  • Originaldatum:
    2011:10:13 22:01:58
  • Fotoapparat:
    M9 Digital Camera
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    Zeiss Biogon25
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nuetsopnaamen  
Extras:
Stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=59571]
Kommentar vum Fotograf:
Hei en klengen Abléck vun Dowtown Miami.
crici 13.10.2011 - 22:05
GAnz flott dei hei, gefällt mir ganz gudd smile
Keup 13.10.2011 - 22:06
Ty crici closed_eye
Zora 13.10.2011 - 22:07
Top!
Keup 13.10.2011 - 22:09
smile
Kwitchibo 13.10.2011 - 22:35
gefällt waats de eis hei weis!
den Himmel huet bessi gelieden beim verklengeren? as bessi pixeleg...

flott smile
Keup 13.10.2011 - 22:43
Ty Kwitchibo.

Jo dat ass duerch d'Verklengeren well hei an voller Gréisst gesinn ech den Problem net.
Jean-Jos 13.10.2011 - 22:39
Super, wann ech och erstaunt sin iwwert déi gewielte Blend: ech gin dann emol dervun aus, datt et déi Zäit sollt sin (wat och gutt ausgesäit mat dem langen elliptësche Wëscheffekt). D'Stäeren hues de dann gePSt.
Keup 13.10.2011 - 22:54
Merci Jean-Jos. Déi gewielten Blend vun 4 war nëmmen en Test vun der Lëns well déi do sollt déi héchsten Schäerft opweisen. Déi Lichtstreifen an Stären déi Stroosseluuchten geworf hunn sinn aus enger 2 Opnam mat Blend11. Foto besteet aus 2 Opnamen mat 2 verschidden Blenden.
Jean-Jos 13.10.2011 - 22:57
Si gefällt mer ëmmer besser cool ,
Merci fir dës zousätzlech Informatiounen Yves.
Keup 14.10.2011 - 11:20
Daat ass gudd an freet mech. Natiirlech kriss de all Erklärung déis de wells.
Houll-art 14.10.2011 - 02:26
Ech hun schon e puer vun dengen Nuetsopnahmenen bewonnert, an des ass och nees Top.
Eng fro: Wéi hues du déi 2 Opnahmen iwereneengeluecht.Huelen un du hues aus all Opnahm daat maskéiert waat net soll dropkommen oder?
Keup 14.10.2011 - 11:17
Merci Digital-Art.

Ech hun se iwwereneengeluecht an een Layer op Lichtpunkt emgestallt. Maskeiert hun ech neicht mengen ech elo mol.

Abacab 14.10.2011 - 07:21
Gefält excellent di doten!
Keup 14.10.2011 - 11:14
TY Abacab. closed_eye
bigmama19420205 14.10.2011 - 07:44
schein smile
Keup 14.10.2011 - 11:13
closed_eye
Jeanny 14.10.2011 - 08:13
gefält mir wonnerbar
Keup 14.10.2011 - 11:13
Ty Jeanny closed_eye
Nagarjuna 14.10.2011 - 09:27
Den Linienverlaaf an d'Wäitwenkelverzerrung fannen ech hei ganz flott. Ech hätt se alt bestëmmt erëm riicht gezunn an domat wier se bestëmmt manner interessant. smile
Keup 14.10.2011 - 11:13
Merci Nagarjuna. closed_eye

Also ech fannen daess den 25mm vun Zeiss schon vill manner verzitt weis déi vun Nikon. Wollt net zevill entzerren soss geseit emmer alles ze geometresch an künstelech aus menger Mehnung no.
gtaddei1 14.10.2011 - 13:56
Nagarjuna... eng Leica Foto ziit én net riicht...
Keup 14.10.2011 - 14:41
Coolen Sproch closed_eye))) Muss mega grinsen
Nagarjuna 14.10.2011 - 15:31
Wou en Recht huet, huet en Recht... Mir war guer net opgefall dass se mat enger M9 gemeet ass. Hues du dir elo eng zougeluecht? smile
gtaddei1 14.10.2011 - 20:18
Leica Klupp --- an geschwenn eng i-Leica dann ass d'Perfektioun perfekt smile
Keup 15.10.2011 - 12:14
Jo Nagarjuna eng M9P. War deen éischten Tripp mat sou wéineg ze schleefen. 1 Kamera, en 50mm an en 25mm.

i-Leica?
Nagarjuna 15.10.2011 - 13:09
Jo, ech lafen och am léifsten mat der M9 duerch d'Géigend. Se hënnert net, fält net op an ech maachen alles mam 50mm. Hunn nach een 90mm fir am Studio, an dat war et och schon. An, domat léiert een "anescht" ze fotograféieren, dat mécht och Spaass. smile
Keup 16.10.2011 - 22:10
En 90mm wéilt ech och mol probéieren. Ech sinn am Moment vill méi lues wéi mat der D700 mä ech verhalen vill besser wéi ech se genau gemeet hun.
gtaddei1 14.10.2011 - 13:54
flott faarwen ... me définitoun vun de linnen ass e bessi mautschech... ech geif en overlay maachen mat "multiply" modus vun enger couche wou én just nemmen e sketch am SW mecht
$
Ah M9 ... 28 mm .. superbe
Keup 14.10.2011 - 14:40
Hmmmm hun ech na nie probeiere mee daat man ech mol. closed_eye Bei mir ass all Hellef am PS wellkomm.

Et ass 25mm Biogon vun Zeiss an net 28. Well et keen Leica Objectiv ass schreiws hien déi falsch Brennweit dran.
gtaddei1 14.10.2011 - 15:59
Ah vlà haat ech mir geduercht beim Komment kiesen

Hun den 28mm 2.8 vun Leitz Leica 1987 Baujahr fir alt net ze deier kaaf
Keup 15.10.2011 - 12:16
Deen 28mm do ass dach bestemmt top egal wéi aal en ass. Wéi eng Objectiver hues de dann nach?
gtaddei1 15.10.2011 - 19:40
50 mm nach an daat ass alles ...
Ech hun awer en 30 mm op mengem Fuji 100X smile
Dese Lëschten ass en Wonnerbart Steckchen...
Keup 16.10.2011 - 22:03
Ah eng Fuji X100 ass wierklech eng top Kamera.
Hunn mega vill driwwer gelies.
gtaddei1 17.10.2011 - 10:20
Et ass e richteschen spaass ...
Keup 17.10.2011 - 13:05
Kann ech mer firstellen closed_eye
gtaddei1 21.10.2011 - 14:01
smile
Houll-art 14.10.2011 - 15:24
Ok merci, hu gefroot, well ech och eppes deemnächst well probéieren wou ech 2 Fotoen iwereneen muss leen closed_eye
Keup 16.10.2011 - 22:00
Majo dann sinn ech mol op däin Resultat gespaant.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 461 Gäscht online