Flott gesin,d'Foto Nummer 2 gefaellt mer och ganz gudd an fannen ech gelongen.
Ech an denger Plaatz haett suguer nemmen di 2ten ropgelueden,
fannen dass d'Foto 1 & 3 deng Serie eroofzitt.
Di eischt ass verwoescht an di 3t ass di 2ten am schlechten (bewegt/verwoescht an manner attraktiv am verglach zu der 2ter well keng Wollek an "langweileg blo" ech perseihnlech haett 1 3 geloescht an d'Nr2 gehaalen well dei ass excellent gin,.. waat well een mei?
Kann mech erennern ooch eenmol eng Foto vun engem Modelheli erop gelueden ze hun!! Schein kloer, scharf etc.... Mee refueseiert! Wou ech mech dan froen wou hei Richtlinnen bliwen sin ?!?!?!?!
Also Bigmama huel daat heiten net perseinlech ob, hued neischt mat dir ze din wk net, mee wann ech gesin dass esou onscharf langweileg ... Biller ungeholl gin, fannen ech daat d'Leit hei einfach vir domm gehaal... !!
PS. Hun schons vill mei schein Biller bei da gesin
Ech war een vun 2 den fier d'Foto gestemmt huet, well ech eben och wollt dass iwwert des Foto respektiv iwwert d'Serie diskutéiert get, wollt eben weisen dass et net emmer sennvoll ass eng Billerserie vun allem eropzelueden, zumols net wann een nemmen eng gudd huet, eben och bessi d'Läit ze sensibiliséiren vläit 2 mol z'iwwerleen waat een ropluet an vläit och wisou?
Dann iwerlee elo mol waatste elo geschriwen hues ! Doriwer get et neischt ze diskuteieren, hechstens, dass do neischt do hannert stöscht, mee vleit war jo daat dein Ziel, vir dass erem iwert Foto dei neischt as sönnlos diskuteiert get !
An vir den Herr Poly, des soll neischt mat "konstruktiv Comment" sin, mee einfa laang genuch noogekuckt, waat hei leeft.
Haaptsaach mol einfach eppes gepost gell du....
also diskutéieren...iwer wat ?
Nr 1 ass iwerall onscharf, en Focus ass net do, iregendwou am bloen Naischt
Nr 2 ass akzeptabel awer och nët immens, well och nët scharf
Nr 3 ass wéi 1
gogo sain Versuch ze erklären firwat se ugehol gin ass, ass wéi bei engem Kand, wat erwëscht gin ass, wéi et eng gestiicht huet, an lo nët wees, wat et soen soll.
Naischt géint déch bigmama, du hues wirklech schons vill besseres hei gewissen, ass eben schief gangen.
Mee lo stellen ech mir nach méi wéi virdrun Froen, bei Biller, déi ech verworf krut, an mat selten dämlechen Floskelen ofgewimmelt gin. Mee Här ass Här an Max ass Max.
Ass dat lo déi Art vun Diskussioun, déis de wollst gogo ??
Géingen hei déi Floskelen:
Foto ass nët scharf...
Fotoqualitéit ass nët héich genuch...
Motiv ass einfach ofgeknipst...
nët greifen ??? Mengen awer dach, an dat zu 100 %
Hun mech deslescht am Forum iwert eng Foto an eng Serie, déi nët ugehol goufen mol opgereecht, wat natiirlech sou vill Wert huet, wéi wann ech menger Kaatz dat gesot hät, mee dat huet einfach missen sin.
Mee wéi ech hei Member gouf, war genau den Thema déi 1te Saach, wou ech gewarnt gouf, denjenegen sollt Recht behaalen.
an di Propelleren hues de gudd hin kruut, an si stinn fier d´Foto genau richteg, do ass keen Schweif duerch den Helikopter verstoppt, fier mech ass um Bild 2 alles richteg.
Fir dech lo bigmama, meng Äntwert uewen ass nët géint dech, méi eng Prinzipienfro.
Du haas bestëmmt eppes wollen probéieren, wanns de eis matdeels wats de genau erréchen wollst, kéint deen een oder aneren der vielleicht e pur Tipps gin, wats de anescht häts missen machen.
wéi wat, hunn mer elo ebeemol nach een, deen esou konstruktiv comments ofgëtt, wat heescht hei langweileg, den sujet ass dach ok, hei sinn aner Biller drop wou d'leit fir "domm verkaaft"(sic) wéi déi doen, egal wat ...
ech mengen hei ass well genuch diskutéiert ginn, halen mich raus
et ass schons irendswéi kanns komisch wat fir Fotoen ageholl ginn an wat refuséiert gëtt, ech schwätzen aus Erfahrung Schuet dass et keng Galerie gëtt refuséiert Fotoen, dat wäer da mol eppes wou diskudéiert géif ginn