A schonn bäi Walfer
fänkt den Urwald un:
Dikrich, kee Plang,
an Elwen oder Rammerech,
och de Kiischpelt,
zum Beispill,
et cetera,
am Norden.
Villäicht
wunnen do
nach Eskimoen.
Né Charel ... do wunnen dei nach iweresch sinn no der Imigratioun op de Süden...
Ech war eng keier fir 5 Dég am Norden an der Vakanz ... Do war en Aalen Haer dén mech gefroot huet:
" vun wou bass do mein Jong"
" .. aus dem Süden... haer sou an sou"
".. freck do sitt dir jo all verreckt.. do hut jo keng Zait mei fir ze Otmen ... "
Voilà --- ech haat alles verstaanen.
Dei vun douewen sinn mei Menschlech ewei mir.
Immerhin , mir sinn eben aus eisem Eisernen Süden... mé mir sinn net mei vill!
Ech geif alles ginn fir op de Norden ze kommen , an der Stepp oder am Urwald. Firwaat net !
Charel , ech geif dir nie wenschen hai kommen ze mussen... südlech fu Miersch
"Neandertaler"
ginn et well ganz laang net méi, Zora.
Do gesäit een alt erëm
dass ech mam "Urwald"
net esou onrecht hat.
Och den Tarzan, z.b., gëtt et hei uewen net..,
den Yeti och net...
Villäicht nach en alen Druid...
mais dat ass eng aner Geschicht...