Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

L arbre et son ombre.

 
L arbre et son ombre.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    19.01.2011
  • Gekuckt:
    24026
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    38
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x600
  • Späicherplaz:
    333 KB
  • Originaldatum:
    15 Januar 2011
  • Fotoapparat:
    Lumix-LX3
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nuetsopnaamen
2. Kategorie: Allgemeng »» Abstrakt
Extras:
Silver Efex Pro.

Fir anzesetzen: [pg_img=52441]
Kommentar vum Fotograf:
Art par hasard.
Jaycee 19.01.2011 - 23:37
Och ouni dem arbre säin ombre (den ech méi erahnen wéi gesin), wär ët eng interessant grafesch Foto...
Maimonides 20.01.2011 - 20:00
Du hues den "ombre" awer gesinn, an dat, Jaycee, ass méi wéi pur Grafik kucken. Duerch dat "bal net gesinn" entsteet 1 Kontext, mengen ech mol, well de Bam (deen een net gesäit) do matzen am Rondel steet.
En décke Merci, Jaycee.
Jaycee 22.01.2011 - 23:06
Keng Ursach Charel, deng Fotoen hun oft é subtilen touch, den ech nët ëmmer matkréien, och wann ech wés dass ën do ass (klëngt iergendwéi kontrovers...closed_eye)
Maimonides 23.01.2011 - 00:01
"kontrovers" ?
Klengt fir mech,
haaptsächlech,
"éierlech".
An dat, Jaycee,
muss een haut
well bal siche goen
fir et ze fannen.
Meng Fotoen kéinten
grad esou gutt
ze vill
sophistiquéiert sinn.
A fotografesch
net gutt genuch.
gtaddei1 20.01.2011 - 01:05
L'ombre à peine visible ... L'art est toujours par hasard... l'hasard de quand il plait
Maimonides 20.01.2011 - 20:06
Do wäre mir dann
an engem ganz interessanten Domaine,
Gennaro,
well fir mech ass, am Prinzip,
Konscht ni Zoufall.

Merci, dir.
gtaddei1 20.01.2011 - 23:51
Mmmh ... Dann muss een un den determinismus glewen, ech sinn mei fir tabula rasa. Me de talent waat ass daat... Cf descartes, l intelligence est une qualite egalement distibuee mais elle se developpe diffetemment. D neurophysiologie seet dass voies preferentielles entweckelt ginn an dofir huelen verschidden lait verschidden weer. Dofir keinst recht hunn. Me fantaisie? Voies preferentielles?
Maimonides 21.01.2011 - 20:17
Eis "voies préférentielles" ginn vun esou vill Saachen moduléiert, (an den neuronale Netzwierker) dass et nëmme gutt ka sinn wann den Input maximal ass. Gottseidank sortéiert eis Gehir dann: bei deem engen esou, a bei deem aneren anescht. Wann et awer näischt ze sortéiere géif, Input = 0, da wäre mir all domm drun.
gtaddei1 21.01.2011 - 20:30
Dann ass den instinkt do, wei den dos am windows
Maimonides 21.01.2011 - 20:49
An den "Instinkt" ass wat ?
gtaddei1 21.01.2011 - 21:40
Een programm denste net ze bezuelen huess, den deier (animal) deen mir an ais hunn.
Cannibalismus awer keen senn vun propriete, a moins que mir d memoire universel dobai mussen fuegen, d h genen an seng evolutioun
Uff
Maimonides 21.01.2011 - 22:03
De maximalen Input nëtzlech gesënnert, verhalen an onbewosst genetesch weiderginn, also.
gtaddei1 21.01.2011 - 22:41
Mat der zait... Selon CG Jung
Maimonides 22.01.2011 - 15:34
D'Zäit ass schwéier virstellbar, well mir an Generatioune rechnen.
Konkret gekuckt ass dës Ausso erstaunlech:
"Mir haut (2011) sinn terribel vill méi no, zäitlech gekuckt, un den Architekten vun de Pyramiden (-3000) wéi déi Ägypter un deene Mënschen sinn, déi an der d'Grotte Chauvet (-30000) di éischt Déiere gemoolt hunn."
gtaddei1 22.01.2011 - 15:53
Genau... awer Spirituell ... net Intellektuell Charel
Dofir ass et richtesch ze soen dass D'Zivilisatioun sech net mamm puren Materiellen Progrès gemooss soll ginn mé mat der Menschlechkét ...
Definitioun vun Menschlechkét ass elo nés esou eppes... Mé et versteht én och den Genereschen Terme ... einfach Menschlech sinn no waat? awer...
No enger Religioun, no enger Laiescher Moral? No de Gesetzer?
Mir sinn och Mënschlech wann mir och Onmenschlech sinn well mir neischt aneschters kennen ewei nemmen Menschlech sinn... oder?
Also ... Menschlech ass fir mech ganz einfach de Wee dn ais vum Buddha, Jesus, San Franziskus, Martin Luther King, Mutter Theresa, Papa Giovanni Paolo 1 an 2 (den 3 mool kucken?), den Lao Tse... asw asw ... dei Wéer do ginn all ann enger Riichtung... Leiwt... well daat den énzeschen Etat d'âme ass dén d'Endorphinen en masse ausleist ... Also wuel verstaan ... Leiwt mamm groussen A.... smile
Maimonides 23.01.2011 - 00:35
A praktesch gekuckt ass Mënschlechkeet soss näischt wei Solidaritéit, där eeschter, an net nëmmen mat de Mënschen.
gtaddei1 23.01.2011 - 01:01
Solidariteit nemmen ass villeicht reduktiv. De fraziskus an de jesus schwaezt vun kompassioun... Am fong ass dat solidariteit
Maimonides 23.01.2011 - 01:11
"Kompassioun" = Sympathie (am griicheschen Sënn vum Wuert).
Solidariteit ass awer dat Gutt
an dat Schlecht deelen.
"Mir zeien un engem Strack", ...a loosse kee falen.
gtaddei1 23.01.2011 - 01:15
Jo do hueste daat gutt gesoot. Deriweiert sidariteit net vun der sympathie. Sympathie ass e gefill, solidariteit ass e fakt, an fir e fakt auszefeieren muss een awer e minimum fillen?
Schaffste dass de nach op bass?
Maimonides 23.01.2011 - 01:27
Ouni Matgefill (Sympathie) ass keng Solidaritéit méiglech. A mat Empathie géif et nach besser goen.

...mat 60 brauch ech keng Permanence méi ze maachen, mä di al Gewunnechten si bliwwen...
closed_eye
gtaddei1 23.01.2011 - 10:24
Vollkommen....
Beides ass de summum.
Mat 47 muss ech wuel fill pedaleieren
Maimonides 23.01.2011 - 15:47
Och du, Gennaro,
grad esou wéi ech,
haut nach,
gehéiers zu de "(fräi)-schaffende Läit",
zu deenen déi schaffen, richteg schaffen.
Awer di wéinegst wëllen dat wouer hunn.
gtaddei1 23.01.2011 - 16:56
Jo frai... ?
Daat ass e grousst Wuert
Frai? Na ja ... Hai ass eng Komesch Situatioun entstaanen.
Wann ech dir se geif opzielen dann geif ech nach muer hai stoen an tippen. An iwermuer haett ech mein Recht verluer am LAzarett erann ze goen .
Et ass eng verstoppten Freihét.
Mir sinn nemmen zu 1700 an dofunnen sinn 50-60% Auslänner. D'Pazeienten ginn manipuleiert, an ais representeen denken wirklech nemmen un sech.
Waat zielen mir dann nach an der Sozieteit? Guer neischt. Mir ginn nie geluewt fir en Extra engagement (me daat ass mir wurscht) me mir ginn stännech ungeloot wann eppes schiif get (daat ass mir guer net wurscht).
Frai? hoffen dass mir dei kleng Freihét net verleieren
Maimonides 23.01.2011 - 21:03
Ech hat éischter
u "Schaffen" geduecht,
Gennaro,
wéi u "fräi".
Well "fräi" si mir net.
gtaddei1 23.01.2011 - 21:10
NA ja ... Ech haat net frai gescht owend an haut.. permanence an ze dinn. Dofir hunn dn Frai aneschters interpreteiert ... Me immerhin et ass awer net falsch waat ech do geschriwen haat
Jeanny 20.01.2011 - 06:42
ech staunen ëmmer, wat du alles geseiss, einfach flott Charel
Maimonides 20.01.2011 - 20:10
Merci, Jeanny.
Et brauch ee just ze kucken.
closed_eye
Gaga 20.01.2011 - 17:19
HASART !
flott graphesch photo ... geometresch, sou wei ech se gären hun bei dier Maimonides.
Maimonides 20.01.2011 - 20:11
Merci, Gaga.
Zora 20.01.2011 - 18:22
Eckeg, ronn, quadratesch, coolclosed_eye
Maimonides 20.01.2011 - 20:20
Merci, Zora.
Kuck awer och wat ech dem Jaycee, an dengem Chef geäntwert hunn. Ech well lo wierklech hei keen opféieren, mais ech souz wéi laang bäi dëser Foto fir de Schiet vun den Äscht sou just nach visibel ze maachen. Am krasse Resumé heescht dat fir mech: wéi kann een e Bam weisen, ouni dass een deen muss gesinn. 1 Challenge wéi een aneren.
Zora 20.01.2011 - 20:42
Vu que d'ass daat schon an dengem Titel stung, wollt ech awer och ob dei schein aaner Formen hinweisen, an hun mech inspiereieren gelooss vun der Rittersportwerbungclosed_eye, and d'ass der wonnerbar gelongen, well ech hun missten 2mol kukken, also ass daat wats de errechen wollts och gelongen, an hun ech elo genuch geschleimttongue, nee serieu tiptopclosed_eye
grimmel 20.01.2011 - 21:16
abstrakt molerei
et kennt drop un wat d'aa fënnt a gesait
Maimonides 20.01.2011 - 21:36
Richteg, Grimmel.
Duerch d'Vignette aus dem Géigestännegem geholl, kann een dës abstrakt kucken, mais dee liichte Schiet vun den Äscht setzt se erëm an den Alldag.
A Merci.
Scorpius 20.01.2011 - 21:19
Ganz interessant fannen ech dei hei. An weis de schon soos, Zoufäll gin et net an der Konscht, an genau sou weineg am Allgemengen closed_eye
Maimonides 20.01.2011 - 21:39
Merci, Scorpius.
mischii 21.01.2011 - 23:53
en einfacht Motiv, et muss een et gesin, da kann et Konscht gin
Maimonides 22.01.2011 - 15:19
Genau esou ass et, Michèle.
Banal Realitéit kann Konscht ginn
deemno wéi se gesinn, arrangéiert
a gewise gëtt.
Huel e Suedel an e Guidon,
extrem banal Saachen.
A wat huet de Pablo
doraus gemaach ?


(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 473 Gäscht online