e puer Impressiounen vun eiser Sortie gëscht am Gronn,
et war e flotten Owend an et huet mech gefreet rëm ganz sympathesch nei Leit kennegeléiert ze hun
klicken w.e.g
Ganz flott Serie mischii ... mir gefält den Geescht och am Beschten. Et woar wierklech ee super Owend an richteg flott dass een sech mol kennegeléiert huet
Ass gär geschit mischii, ech mengen ech hun talent dofir. d'Jeanny huet och sou eng gemaach an root emol ween den Geescht ass. (Richteg). Zu denger serie kann ech soen dass se mir ganz gudd gefällt besonesch n°3. Wor en super owend,kèint een rouech mèi oft maachen. Heimat wollt ech dem Jeanny an dem Serge och nach merci soen dass sie deen schèinen owend organisèiert hun.
merci Edy, Du wars jo bei mir ,
de Geescht hat ech schon um Bild entdeckt wi ech heem koum, ech hun du bis de mëtten gewaard an nach eemol gekuckt, mee e war nach ëmmer do!!!
dei läscht as super, och wann do een nemmen 50% beliicht gin as, dei 50% huet en net gewackelt !
Den WB bei den zwou eichten gefällt mer net esou, mais mat deem ganzen oranchen geliitz as et schweier eng natierlech Luucht do ze kreien.
Villmols merci Iech alleguer an natiirlech och dem Claude, hien ass erichteg gudde Geescht
virun allem awer dem Jeanny an dem Serge fir d'Organisatioun vun dem flotten meeting