Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Staerenhimmel

 
Staerenhimmel
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    23.08.2010
  • Gekuckt:
    90797
  • Favoriten:
    19 (Wen?)
  • Kommentarer:
    93
  • Beliichtungszäit:
    30sek
  • Blend:
    f/2,8
  • Brennwäit:
    24mm
  • ISO:
    1200
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1150x832
  • Späicherplaz:
    558 KB
  • Originaldatum:
    15.08.2010
  • Fotoapparat:
    D700
  • Programm:
  • Objektiv:
    Nikon 24-70mm
Kategorie: Natur »» Waasserausbléck  
Extras:
Stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=48349]
Kommentar vum Fotograf:
Bei deser Aarbecht war mein Haaptziel dei vill Staeren iwwer Kos festzehaalen. Froen mech just op et na ze kucken ass oder schon an den Kitsch iwwergeet???
Schluck 23.08.2010 - 21:20
Wow .. also mier gefällt se mol ganz gudd !
Keup 23.08.2010 - 21:26
Merci Schluck. closed_eye
shingo 23.08.2010 - 21:21
Mir gefällt se ganz gudd! Flott!
ech huelen jo un dat daat eng Montage ass (den himmel an d'Mier) ?
Keup 23.08.2010 - 21:25
Hun missen d'Steng an der bloer Stonn kurz firdun knippsen well dei Plaatz ass wierklech komplett donkel gin an duerno waarden bis d'Staeren eraus komm sin. Eng Art Duebelbeliichtung mat Zeitversetzung.
Poly 23.08.2010 - 21:21
kitsch nee mer gefëllt se, zemools riets déi brong téinung am himmel, mëscht richteg de lien mat de Steng ënnen
Keup 23.08.2010 - 21:22
Merci Poly freet mech closed_eye
Poly 23.08.2010 - 21:37
hu mer se nach eng kéier ugekuckt, dat doen fir de Glanz als Panorama dass elo jons eng flott déift dran, mä da wir se ultra
Keup 23.08.2010 - 22:57
Jo am Panorama wier besser mee bon ass elo ze speit mee du hues recht.
Pixelman 23.08.2010 - 21:38
Den Strand ass genial, den Stärenhimmel häs de missen méi dezent haalen, déi ganz Gestaltung ass jidderfalls emol en Versuch wärt.
Keup 23.08.2010 - 22:13
Merci Pixelman konnt mer denken daess verschiddener et hei iwwerdriwen fannen mee wollt mol puer Meenungen heieren an dann wees ech daess ech beim nexten Versuch dei Saach mei dezent ungin oder et bei Vollmound probeieren dann brauch ech net eng Photo soulaang viirdrun ze man fir Detailler um Buedem eraus ze kreien.
jeromed 23.08.2010 - 21:41
Wow, an daat bei 30 sec Beliechtung,...?
Fannen se super,...
Keup 23.08.2010 - 22:07
den himmel 26 sek bei f2,8 an iso 3200.

den enneschten deel ass 30sek bei f11
Shantideva 23.08.2010 - 21:46
bigsmile Deen Himmel...!!! Ech villen mech wéi an enger Serie vun Raumschiff Enterprise. Soss ass et awer OK. closed_eye
Keup 23.08.2010 - 21:57
War mol en Versuch mee dei next gett villeicht mei dein gout closed_eye
Shantideva 23.08.2010 - 22:00
Oh, se gefällt mir och gutt esou. smile
Keup 23.08.2010 - 22:05
merci closed_eye
Gaga 23.08.2010 - 21:50
Keup. dei as MEEEEGGGGAAAAA!
Ech sin jo mei laang amgaang mat Stärenbiller, mais esou epes impressioneiert mech, wou as daat ?
Keup 23.08.2010 - 22:02
Merci Gaga closed_eye Ech muss mech och mol en bessen dohannert setzen.
War um Strand zu Kos (Griechenland) just ennert dem Hotel.
Gaga 23.08.2010 - 22:05
wei hues de et nemmen hinkritt t'Mellechstrooss esou kloer ze kreien ? daat muss un der Atmosphere leien, hei hun ech daat nach net hinkritt !
Ech wollt elo demnächst eng Startrail-foto eroplueden, hun geduecht, sou epes gouf et hei nach net, an elo daat ! grrrr .... Genial ! TOP !
Keup 23.08.2010 - 22:55
Also mier haten all Daag sou en doucen Niwwel an daat och Nuets. Dest waar dei eenzeg Nuet wou et bessen besser war an d'Mellechstroos hues de gaaanz dezent schon mam bloussen Aan gesin.

Weis deng mol sin gespaant.
Gaga 23.08.2010 - 22:59
wann ech dei richteg mac addons fannen jo, wann net ereicht iwermuer um bureau kann ech se roplueden ! unhappy
as awer eng wou fun 23.30 - 5.00 350 Fotoen a 30sec uneneengehaang sin, saou dat een nemmen strecher gesait !
Keup 23.08.2010 - 23:03
Maach dein bescht sin gespaant an sin Fan vun sou Geschiir closed_eye Mee stress dech net haaptsaach se kennt emol closed_eye
BerBe 23.08.2010 - 21:54
Dei ass einfach genial bigsmile
Keup 23.08.2010 - 22:18
TY Berbe closed_eye)))
dr_kim_veis 23.08.2010 - 22:00
den himmel as awer net 30 sek. oder?
Shantideva 23.08.2010 - 22:01
closed_eye
Keup 23.08.2010 - 22:04
den Himmel war 26sek bei f2,8
Johny 23.08.2010 - 22:33
Am originalen sinn d' Stären dann awer schonn liicht verzunn, oder? smile (also mat grousser Opléisung wou een et erkennt)
Keup 23.08.2010 - 22:41
nee am fong net ganz liicht villeicht well et nemmen 24mm war. Also ech war och verwonnert daess et geklappt huet. Zu Kos dreien d'Staeren villecht mei lues. Wees och keng Aentwert mee hun et sou an Erennerung an den Exif seet daat selwecht.
gtaddei1 24.08.2010 - 00:07
Zu Kos ewei zu Lefkada an Salonico dreinen dei wirklech schnell
MarcGerard 23.08.2010 - 22:11

gefällt mer sou saugudd. zumol hannen um horizont déi bierger... (ok, ech bewonneren erem dat onwesentlecht XD)
ech kann der bal net gleewen dass dat do riets esou as smile

ech hu mer erlabt déng foto engkéier no méngem gout ze filteren. wanns de loscht hues schécken ech der wat ech gemach hun. et sin 2 verschidde vu'en eng foto ze filteren. gesi méng net als besser, mee einfach anecht smile
Keup 23.08.2010 - 22:17
Merci Marc.

Ah dei Bierger am Niwwel sin der opgefall closed_eye

Natierlech kanns de mer se schecken an sin deck gespaant.

Waat sollt riets net sou sin? Bierger oder Staeren?
MarcGerard 23.08.2010 - 22:31

stäeren
Keup 23.08.2010 - 22:44
Also dei Staeren hun ech wierklech esou fotografeiert eben just mei speit.
Hmmm en GPS-Modul hun ech leider net closed_eye Kann der dei mat just Staeren jo mol weisen an dann geseis de am exif alles waats de wells gesin.
MarcGerard 23.08.2010 - 22:56

ech gleewen der einfach closed_eye
Keup 23.08.2010 - 22:59
kanns de roueg well wees net wei ech iwwerhapt dei Streifen keint nees zu Punkten man. Geet bestemmt mee ech kann et net. closed_eye
MarcGerard 23.08.2010 - 23:01

sträifen zu punkten? et sin éischter déi stäerewollécken déi onnatiirlech wierken. also ech iwwerdreiwen, mee et gesäit aus wéi eng hubble-opnahm déis de an den himmel gepescht hues smile
Keup 23.08.2010 - 23:08
Gleef mer wei ech daat um Apparat hat war ech mei wei erstaunt mee et war drop. Heiendso spillt den Kolleg Zoufall eben mat well hun net souvill Ahnung vun Staeren mee se faszineieren mech. Hun och na nie souvill Staeren am Himmel gesin wei deen Daag. Am Fong hat ech jo op eng Schnupp gewaart.
Gaga 24.08.2010 - 13:31
Ech hun et och net gegleeft, mais kuck emol hien hei :

http://www.danheller.com/star-trails.html

Et as erstaunlech, mais bei eis hei kriss de daat net hin, et muss wierklech propper sin, waat iwert dem Mier den Fall as !
Op Flickr gin et och Startrail- oder änlech gruppen wous de fill esou Fotoen gesais, mais dei sin meeschtens an der Wüst gemach, wou et wierklech kloer as !

Keup 24.08.2010 - 13:38
Deen danheller mech zwar wierklech geil Saachen merde.
Merci daess der mer hellefs ze beweisen daess dei Staeren mat menger D700 gemaach goufen closed_eye
Gaga 24.08.2010 - 13:55
jo, hien erklärt jo och dat et och drun leit dat eist Aan net esouvill gesait wei den apparat, fun den Farwen hier emol !
Ech hun och gemierkt dat et ganz hellefreich as wierklech tescht Sonnenob- an ennergang ze leien, um 3.00 as et wierklech mei deischter wei um 0.30, och wann mier daat net esou mierken mam Aan !
Keup 24.08.2010 - 14:24
Ech geif och mengen well Kos wierklech net megavill bewunnt an dei greissten Staat op der aanerer Seit vun der Insel louch.

Also meng Frenndin sot nach hei do ass dei eischt Wollek dei mier hei an der Vakanz gesin an do sot ech nach daat ass keng Wollek daat sin d Staeren an reicht wei ech him et op der D700 gewisen hat huet et gegleewt.
m-otiv 23.08.2010 - 22:46
Ganz schein
Keup 23.08.2010 - 22:59
TY closed_eye
gogo 23.08.2010 - 22:52
einfach nemmen herrlech!
Keup 23.08.2010 - 23:00
merci gogo. closed_eye
alex 23.08.2010 - 23:02
wow... immens!
Keup 23.08.2010 - 23:03
TY Alex closed_eye
jperm 23.08.2010 - 23:16
ganz ganz gaaaanz schein smileech froon mech just weis de daat hinkruus fir deen ''wellenbriecher'' su hell ze kreientongue
Keup 24.08.2010 - 09:20
Majo den Wellenbriecher ass kurz viirdrun an der bloer Stonn opgeholl gin an d'Staeren mei speit. 30 min duerno wees awer net genau.
Locke 24.08.2010 - 00:09
Dann hei o na eng Keier: I like (et bräicht ee just nach sou en i like Knätonguepchen wei am FB)bigsmile
Keup 24.08.2010 - 09:18
TY Locke closed_eye Braus jo keen Knaeppchen sou geet et jo och.
gtaddei1 24.08.2010 - 00:10
Also iwerhaupt net kitschech ... daat soll en dir no maachen... Mé ech hunn vill grieschech Himmelen gesinn ... ewei dén Dooten nemmen op Fotoshop ... mé ech gléwen dir dass dén réel ass.
Egal wei op Fotocompo op PS oder réel ... et ass aêinfach saugidd ginn !!!
Keup 24.08.2010 - 09:17
Ech kennen just den grieschechen Himmel vun Kos mei net an Staerenphotoen hun mech emmer interesseiert an wollt et mol hinkreien. Hat mech awer eierlech gesot nie mat Techniken beschäftegt. Wann ech en 12mm 2,8 haett geif et bestemmt na besser gin mee deen ass sou schwengseg deier.
gtaddei1 24.08.2010 - 12:53
12 mm ass baal onbezuelbar ... mais Voigtlander am planaren ... sinn nach emmer daier mé mei bellesch ewei Kikon (mir hunn kén 12 mm)
Keup 24.08.2010 - 15:51
jo keen 12mm mee den 14-24mm gefaellt mer saugudd mee ass deier an et kann een keng filteren drop man. Mol net klemmen grrrrrr. Jo Voigtlander wier ^villeicht eng alternativ. checken mol
gtaddei1 24.08.2010 - 19:01
mir hunn och kén 14-24 an wann ass dén och scheissesch deier... de Max ass én 14mm 2.8 an den ass 2200 Öroen ... och do keng Filter meigleschkét.
Et kenn én awer én filter beim unschloss maachen... dann ok
Den 14-24 vun Nikon ass awer eng super Lens
Keup 24.08.2010 - 20:29
jo superlens an ech well se onbedingt. Muss na bessen spueren.
Maimonides 24.08.2010 - 00:31
Welten am Himmel,
Bierger um Mier,
kleng Fielsen heivir
a Sand um Strand.

Dei Gradatioun gefaellt mir, Keup.
Keup 24.08.2010 - 09:13
TY Maimonides -)
Laurent76 24.08.2010 - 08:28
Cool, geseit wirklech gudd aus, ass zwar fir mech um Limite fir Kitsch mä nach ëmmer ob der "Gudder" Säit... smile
Keup 24.08.2010 - 09:13
Jo ass villeicht Limite mee woust net besser wei ech dei 2 zu verschiddenen Zeiten opgehollen Photoen mateneen ze verbannen well PS ass net grad meng Stärkt.

Merci
Laurent76 24.08.2010 - 10:30
Daat steiert mech net, et ass just den Himmel mat den Stären an deeër "Stepswollek" wou een kennt mengen daß et PS wär.
Mee wei gesot, et ass nach ob der gudder Sait....
rom 24.08.2010 - 17:47
Déi as schon cool déi do! Respekt Yves
Keup 24.08.2010 - 17:57
closed_eye TY rom
galileo 24.08.2010 - 18:55
Cool, bravo !
Keup 24.08.2010 - 20:26
merci closed_eye
marker 24.08.2010 - 21:23
ët ass alles gesoot..
..exzellent..!! closed_eye
Keup 24.08.2010 - 21:56
closed_eye
gi87 25.08.2010 - 22:58
Einfach Himmlesch bigsmile Wosst net dass dat meigleg wär mat enger spiegelreflex.. Respekt Super Photo !
Keup 26.08.2010 - 09:24
Merci gi87.

Woust daess et op verschidden Plaatzen meiglech wier mee Griechenland haett ech och net geduet.
Miau 26.08.2010 - 10:39
Einfach Super
Keup 26.08.2010 - 15:27
Freet mech closed_eye
Zampano 29.08.2010 - 08:31
das hätte ich ja fast verpasst. Ich kann mich hier nur allen positiven Kommentaren anschliessen. Einfach klasse...
Ein Fav für mich und meine Stimme fürs WF hast Du auch schon smile
Keup 29.08.2010 - 15:07
Vielen Dank Zampano freut mich smile
CharelG 30.08.2010 - 04:49
Einfach wonnerbar, wéi net vun dëser Welt.
Eng verdëngte Wochefoto. Gratulatioun.smile
Keup 30.08.2010 - 09:36
Merci CharelG. closed_eye
Miau 30.08.2010 - 09:25
bravo gesot...bigsmile
Keup 30.08.2010 - 09:35
Merci Miau. Daat helleft den Meindeg gudd ze iwwerbrecken wann een mat Freet geseit daess sou vill leit mein Bild gewielt hun. closed_eye
spako 30.08.2010 - 11:15
wuel verdengte Wochefoto smile War och mai Choix!
Keup 30.08.2010 - 12:17
Hey merci spako villen mech geiert well vill vun dengen fannen ech wierklech meeega. closed_eye
GarrySchroeder 30.08.2010 - 11:18
Gratulatiun fir`d Wochefoto , Keup smile
Et gesait een nemmen super fotoen bei dir tongue
Keup 30.08.2010 - 12:18
Merci Garry closed_eye Eeeeehm oh hun och genug schlechter um Laptop hei heem gleef mer.
Locke 30.08.2010 - 11:27
Ma da Grats smile
Keup 30.08.2010 - 12:19
TY Locke closed_eye
kruemelatease 02.09.2010 - 16:06
Ech staunen!! Bravo !!!! Einfach super !
Keup 03.09.2010 - 15:32
Merci kruemelatease. Ech staunen eierlech gesot och iwwert dei vill Komments well ech et wierklech net sou krass erwaart hat. Bei aaneren vun mengen Pics hat ech mer mei erwaart an do war tote Hose an genau dofir fannen ech Photogen super well do gett een gewuer op se gudd unkennt oder net.
yannicon 07.09.2010 - 20:16
Boh... Keup. RESPEKT!!!
Keup 08.09.2010 - 10:31
Merci yannicon closed_eye))
TomEwert 10.09.2010 - 03:00
dei ass super lecker.
Keup 10.09.2010 - 09:32
Merci Tom.
mduarte 03.04.2011 - 18:54
Eng super schéin Foto!
Keup 03.04.2011 - 21:11
Ty mduarte smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 258 Gäscht online