Merci dir och... ech hat et net schweier fir des Foto ze maachen... hunn mech missen just gudd unhaalen fir net an d'Mier ze faalen esou ewei mein Aparat
Merci Charel ... wann én eben keng Filteren brauch.
Eh hunn vun engem Frazeischen Fotograf eng keier geliess dass hien " à la chasse de la lumière rare " wier... Fir mech ass dess Luucht rare awer fir d'Grieschen eng Nomaliteit
Jo ... ewei fir D'Foto ... wann én se maachen gét muss én sech e bessi goen loossen an net zefill denken fir d'Saachen ze spieren an ze fillen... esou och mat der Natur ... et misst én sech dohinner setzen an einfach sech mat hier indentifizeiren an ech mengen daat ass dann och de Synonym vun "Geneissen"
Du hues absolut recht . Dei momenter sinn extrem rare an kuerz... ech emmer nés d'Panz gerappt kritt well jidderen op mech gewart huet an daat 10 km ewesch vun daerer plaatz
mir haaten mol a Canada en Autoferry iwwer de Sankt Lawrence verpasst , well ech ze laang op Fototour war, daat war schlëmm, ech hu mech duerno nët méi gemuckst, kréien et haut awer ëmmer nach ze héiren, mee lo paaken ech schon ëmmer meng Knips ewech wa mir sollen e Schëff huelen. a 14 Deeg geet et op de Polarkrees , do dierf ech dës Kéier keng Dommheete maachen
e Polfilter an e staarke Grofilter sin am Gepäck, Resultater gëtt et dann Ufanks September, ech free mech an kann et kaum erwaarden
, muss lo just nach d'Gewiicht vu menger Ausrüstung kucken fir de Fliiger, well de rescht vun der Famill brauch och nach Pullover Mutz an Händschen
Daat kenn én och sur place kaafen oder am Duty free... an dann an den Handgepäck ...
Ech hunn den selweschten Problem mat Indien fir Dezember ... ech hun d'tendenz e bessi den Krischsyndrom ze hunn ... ech hueln gären alles matt ... mé dann hunn ech mool keng plaatz mei fir én Kalzong
Méng Gratulatiounen! Et ass sou seelen, datt ee SU net kitscheg ass. An dat ass hei de Fall datt se NET kitscheg ass, dat mir eis elo net falsch verstin. Si ass absolut mediterran meditativ, einfach super! Bravo.
Merci villmols... Ech ginn dir recht ... De Sonnenënnergang ass effectivement 1 vun dénen méscht fotografeierten Motiver iwerhaupt... mé ech hunn rarement Fotoen gesinn dei ech geif ophängen... daat soll elo nett én mangel un Bescheidenhét sinn menger saits, mé ech hunn dess awer gesicht ... eng lang pose an én daag gesicht matt engem Minimum vun Wolleken fir den Toun .. gewart bis d'Sonn baal net mei do wier asw asw...
Also dess foto gefaellt mir och.
Merci villmols.
Mangel u Bescheidenheet???? Wann dir di Foto hei net géing selwer gefaalen, dann häss du se net online gesaat. Du bass dach ganz sécher een Aesthet, dee ganz genee de Wert vu sénge Foten aschätze kann. Ech géif souguer ee Passage aus der Bibel paraphraséieren: Sou wéi een nëmmen aaner leit ka gären hu, wann ee séch selwer als Mënsch respektéiert a gären huet, sou muss ee Künstler (an dat si mir jo irgendwou alleguer hei) vu séngen eegene Wierker iwwerzeegt sin, fir datt hien och di aaner Leit iwwerzeege kann.
Wat ech hei besonnesch flott fannen, dat ass, datt trotz 30 Sekonne Beliichtungszäit d'Wellen nach Struktur hun an net wéi den Donst driwwer zu engem mëllechzéchem Bräi verschwammen.
Merci ,
D'Paraphraseierung ass super ... Mé : " mir sinn wei dei Aner ais gesinn " ... Dofir ass et wichtesch komunikativ ze sinn an der "Konscht" ... fir eben net gerad alles fir sech ze haalen. Mé ... et get én och net hei an do net verstaanen
was wäre mit schön und besser zusammen... das ist oft was die Deutschen und Italo-Luxemburger gemeinsam haben könnten.
Hals und Beinbruch für deinen neuen i20