oh ben, déi gefällt mir awer ganz gutt!!
(den Kran nach e bessi schnëppelen an ech hänken se do op wou ech schaffen )
(mee am Fong ass daat dooten den Wée zeréck op meng aaner Aarbechtsplaaz ... egal, daat ännert elo näischt dorunner, dass ech awer do erop an eroof ditzen ... awer nët nëmmen ech, ne ... )
Daat kann ech der maachen... so mer just wéi vill vum Kran soll geschnëpelt gin... alles oder just den Ausléier dén uewen an d'Bild hänkt? Ajo, an dann nach eng PM mat enger e-mail address wou ech der d'original Datei ka schëcken... (ech wärt déi Info och ganz diskret behandelen... )
... oje... daat gesäit jo aus wéi wannste quasi ronderem d'Auer am Asaatz bass...
jo croppen wier e bessen just gin mam kadrage ! mais stemmpelen ... ech hätt et gemach !
e kran as epes temporaires, also kann een net soen dat en wierkelch an e bild geheiert, also dat en zum bleckfeld geheiert !
een absoluten perfektionist deen weder retoucheieren nach anescht kadreieren geiff, geht an 6 meint dohin wann den kran net mei do steht, mais dann stin 2 aanerer op dem nächsten chantier !