Fir d'Jade an den Olivier :)) also net nemmen, mee ganz besonnesch fir sie :)
Dan hun ech och alt mol nees eps ropgelueden...
Fir di mi grouss, hei klicken, a net op d'Bild ;)
effektiv, schengt mir och luche lex eng opfälleg symetrie, wann dat meedchen tatsächlech souee symetrescht gesiicht huet dann... nee dat kann nit sin mais fir de recht fannen ech se GENIAL!
D'Bild as an der Mëtt gespigelt, dohir d'Symmetrie. As awer flott ëmgesat, dat mat der Beliichtung fir den Porzeläinzteint hinzekréien as net sou einfach.
Jop, recht hues de! D'haat een Aan mi grouss wi daat anert, dowéinst
Vun der Beliichtung hier, haat ech mech an eiser Schoul bessen ameséiert mat deenen Spoten.
Merci
Daat sinn dei schein Momenter hei um Site wann een kann esou eng Foto kucken.
Allen Respekt, do kann ech mer nach eng Nues voll huelen.
Do ginn ech eng souverain 10/10
Merci fir däi Kommentar an de Vote haat am Ufank welles se grouss dropzesetzen, dann ass et zwar mi flott ze kucken, mee da vergesst d'halschent ze klicken
Wanns de se mi grouss wells gesinn, kanns de awer hei klicken.
lo as et raus komm nee komm also e sin o scheoulsäll eben vis a vis mee ech gin emmer do laanscht fir eben an d aile des science oda seou deen eischten daag su mmh di foto komme ma dach bekannt fir ... an dann dein numm drenner gelies do as ma dluut u gaang
Flotten Digital Art. Schéin propper, an flott schaarf Aaen, mee fir mech ze vill Photoshop. Och wann et schéin ausgesäit, erkennt een netmei vill perséinleches am Gesiicht, och wann's du dat vielleicht net bäibehaalen wolls. D'Oueren fannen ech ë bëssen ze hell, par rapport zum Recht vum Gesiicht. Well ech d'Irina awer net kennen, kann ech och net vergläichen wei et "normal" ausgesäit, an behaapten dann och mol leiwer net zevill.
Muss awer derbäi soen dass een deng Foto'en eremerkennt, eben weinst der Verarbeschtung, an deem sterilen, ze propperen Gesiicht wat derbäi erauskënnt, wat och oft ganz flott ausgesäit!
Erkennt d'Irina sech dann eigentlech nach ob deem Bild erem?
Net alles waat clean ass muss duech de Neat oder PS gelaaf sin oder ech wees jo net wis de där daat fierstells.
Fir de räscht, erkennt d'Modelen vun den Hautstraffenden-Creme-Reklammen sech dann rem? Mänge net. Hun ech des Foto gemaat fir dat d'Irina sech se an d'Kummer hänkt? Net wiirklech... Dorems geet et och net emmer...
Fannen just dat et eng falsch approche zur Fotografie ass direkt Photoshop ze denken.
Gleew mer, mat Luucht kann ee méi maachen wi mat Photoshop
Gefällt mir ganz gutt Lex ...
och wann ët eng Mëtt-Spiggelung ass ...
dann ass eben d'halschent vun der Foto ganz gutt geholl gin ... an déi ganz Zesummenstellung an Beaarbechtung sin dann eben perfekt gemeeschtert ...
Téinung gefällt mir och ganz gutt
Merci ... fir däin Kado ... ) ...
ech fannen du kéins roueg méi oft Gebuertsdaag hun !! ... hehehe ... dëss Woch erëm ... nee? ... )
Freet mech dat se der gefällt Di aaner halschend vum Gesiit gesäit net vill aanescht äus, just d'Aan ass besse méi zou
Wa meng HP fäerdeg ass wärt ech jo schon nees méi dropsetzen bis next joer wärt et hoffentlech net dauren ;)
mmh komesch ech hat awa lo gelies se wier net ugehol gin ... mmh fleit hun ech mej o giert an der seit well haat deen moment 2 fensteren fu fotogen ob ... dann huelen ej alles zreck haat mej awa lo gewonnert
KLEX STRIKES BACK !
¨
den Toun vun der Foto as guud ausgewielt!
daat mat der Spieglung wost ech jo schon an daat mam Aan huet den Gloda jo eng guud idee gehat !
deng Beliichtung as immens gelongen
ganz guud geschafft du wees emmer mei wei een Luucht benotzt fir emmer besser ze gin
RESPEKT
alles daat waat ech da geschriewen hun helleft da zwa net mee et as einfach eng Super TOP FOTO !
MFG
MARC
P.s:ennert dem Mont as villeicht daat eenzecht wou ech geif soen daat as komesch
Merci Marc! Ennert dem Mond kéint ech wiirklech nach besse besser retuschéieren. Helleft schon waats de schreiws, dann ass di ferdeg versioun dono em di wichteg klengetkeeten besser
Ech kéint nach bessen oofdonkelen op der lénkser Säit, da géif et mi natierlech wiirken. D'ass eben sou well di 2 Säiten vum Hals nemmlecht äusbeliicht sin...
Merci
ohneeeeee johnyyyyyy DAAT kansde dach net man!!!
lo kritt een joh NIII mei 2mio kommentaren bei seng fotoen an muss se henno wameiglech ona den site verlossen(weinst aussohen dei een nik meikann zrek huelen an sou...)an daat GANZT just well iergendEEN TOPFOTO gehouscht huet!!!
verdammmt.....